雄县人在北京:激动得一夜没睡着 准备回老家工作
ACE | |
---|---|
![]() | |
Missiounszil | L1 |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Startmass | 752 kg |
Start | 25. August 1997, 14:39 UTC |
Status | aktiv |



Den Advanced Composition Explorer, kuerz ACE, ass eng Raumsond vun der NASA, déi de 25. August 1997 gestart gouf. ACE gouf am Kader vum Explorer-Programm realiséiert an dréit dofir och den Numm Explorer 71.
Missioun
[?nneren | Quelltext ?nneren]ACE steet fir ?Advanced Composition Explorer“. Zil vun der 752 kg schwéierer Sond ass d'Analys vu solaren, interplanetaren, interstellaren a kosmesche Partikelen op der Grenz vum ?erdschwéierfeld no beim Lagrange-Punkt L1. Si gouf mat enger Delta II 7920-8 gestart an an enger ?mlafbunn ?m L1 positionéiert, an d?r si warscheinlech bis ongeféier 2024 schaffe kann. Trotz Stéierunge vun engem Instrument ass d'Sond nach ?mmer aktiv.
Beschreiwung
[?nneren | Quelltext ?nneren]Den ACE ass eng Raumsond mat engem aachteckegen Haaptkierper vun 1,6 m Duerchmiesser an 1 m Héicht. Véier Solarzellepaddele sinn ugebaut: op jiddwer zweeter S?it eent. Zwéi géigeniwwerleiend Paddelen droen ausserdeem un hiren Enner Stief mat Magnéitometeren. D'Solarzellepaddele si mat Silicium-Solarzelle beluecht, déi wéinst der Stralenofschiermung mat Quarz bedeckt sinn. Si sollen um Enn vun der geplangter Liewensdauer vu 5 Joer (2002) nach 440 Watt produzéieren; dat si méi wéi d'425 Watt, déi ACE maximal verbraucht. Mat ausgefuerene Solarzellepaddelen a Magnéitometer huet den ACE ronn 8,3 m Duerchmiesser. En hat e Startgewiicht vu 785 kg an 189 kg Hydrazin Dreifstoff u Bord. ACE rotéiert wéinst der Spinstabilisatioun mat 5 ?mdréiunge pro Minutt ?m eng Achs, déi duerch den Zentrum vum Haaptkierper geet. D'Achs ass laanscht d'Linn ?erd-Sonn ausgeriicht. ACE huet zwéi Kommunikatiounssystemer, déi um S-Band schaffen.
Um Spaweck
[?nneren | Quelltext ?nneren]![]() |
Commons: ACE – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Advanced Composition Explorer (ACE)
- (en) Advanced Composition Explorer (ACE) Mission Overview
- (en) The Advanced Composition Explorer (PDF, 24 S?iten)